Infirmier psychiatrique (m/w/d) fir de Familjenstärkungsdëngscht CDI 75 % oder 80 %
Fondation Letzeburger Kannerduerf
| Company | Fondation Letzeburger Kannerduerf |
| Category | Healthcare |
| Location | LU |
| Remote | — |
| Employment | Full-time |
| Level | Not stated |
| Salary | Not stated by the employer |
| Posted | 4 Aug 2026 |
| Last verified | 12 Aug 2026 |
| Source | Public employment agency (eures) |
Description
D'Fondatioun sicht engagéiert Fachleit, déi Kanner an hiere Familljen wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden.Dir wëllt Är Expertise an der Kanner- a Jugendpsychiatrie an engem multidisziplinären Ëmfeld asetze fir e reelle Bäitrag zum Wuelbefanne vu jonke Mënschen an hiere Famillje ze leeschten?Da kommt an eng Equipe, déi Vertrauen, Engagement a géigesäitege Respekt lieft.An dëser Funktioun sidd Dir déi zentral Kontaktpersoun tëscht de Kanner an hiere Famillje, den Educatiounsequippen an den externe medezineschen a therapeutesche Partner.Dir garantéiert hieren psychiatreschen a somatesche Suivi a drot aktiv dozou bäi,e séchert an therapeutescht Ëmfeld ze schafen.Gläichzäiteg leet d'Fondatioun vill Wäert op d'Weiderentwécklung vun hire Mataarbechter. Duerch regelméisseg Formatiounen, Supervisiounen a fachlechen Austausch kritt Dir d'Méiglechkeet, Är Kompetenzen auszebauen an an Ärer professioneller Roll ze wuessen. Är Aufgaben • Ambulant sozialpädagogësch Begleedung vu vu Kanner, hiere Elteren an hierer Famill • Somatesch a psychiatresch Evaluatioune maachen an de Gesondheetszoustand suivéieren • De kierperlechen a psychesche Gesondheetszoustand observéieren, dokumentéieren an evaluéieren. • Medezinesch, psychiatresch an therapeutesch Consultatioune organiséieren a koordinéieren • Enk mat Psychiateren, Dokteren, Psychologen, Spideeler an anere Partner zesummeschaffen • Educatiounsequippen am Ëmgang mat psychiatresche Problematike beroden an ënnerstëtzen • Eng regelméisseg a vertraulech Kommunikatioun mat Familljen a gesetzleche Vertrieder assuréieren • Als Referenzpersoun Beneficiairen an hirer individueller Begleedung ënnerstëtzen • Familljen begleeden an d'Elteren an hire Kompetenze stäerken • An psychiatreschen oder verhalensbezunnene Krisesituatioune professionell intervenéieren • Psychoedukativ Aktivitéite fir Beneficiairen, Familljen an Ekippen organiséieren an duerchféieren • Optragszoustellung a Facturatioun iwwert accords de prise en charge (APC) vum Office National de l'Enfance (mesure 8.3.) • Zesummenaarbecht mat de professionelle Partner vun der AEF Wat eis ënnerscheetMir investéieren an Är Entwécklung • Reegelméisseg Formatiounen (Bindung, Trauma, SOP, ...) • Praxisaustausch an Deele vu Fachwëssen • Kontinuéierlecht Léieren a professionellt Wuesse • Aktiv Ënnerstëtzung vun Ärer fachlecher a perséinlecher EntwécklungEng Organisatioun an dauerhafter Weiderentwécklung • Strukturéiert Qualitéitsmanagement • Kultur vun der Reflexioun an der kontinuéierlecher Verbesserung • Entwécklung vun innovativen Approchen an der psychiatrescher a psychosozialer BegleedungE professionellen a strukturéierte Kader• Zesummenaarbecht an engem engagéierten multidisziplinären Team • Reegelméisseg Supervisiounen an Intervisiounen• Enken Austausch mat Educateuren, Psychologen, Case Manageren a Direktioun • Kloer Strukturen, professionell Prozesser a qualitativ héichwäerteg FachbegleedungEng Missioun mat Wierkung • Direkten Impakt op d'Wuelbefannen an d'Entwécklung vu Kanner an Elteren • Ënnerstëtzung vu Familljen a komplexe Liewenssituatiounen • E konkrete Bäitrag zu hire Zukunftsperspektiven a WuelbefannenÄre ProfilDiplomer a fachlech Kompetenzen • Diplom als Infirmier/Infirmière mat Spezialisatioun an der Psychiatrie (oder gläichwäertegen, zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom) • Gülteg Autorisation d'exercer zu Lëtzebuerg• Op d'mannst 5 Joer Beruffserfarung an der Kanner- a Jugendpsychiatrie • Gutt Kenntnisser vum institutionellen, juristeschen a soziale Kader vun der Betreiung vu Mannerjäregen zu Lëtzebuerg (Aide à l'Enfance et à la Famille, Jugendschutz) • Kenntnisser vun relevante therapeuteschen Usätz (Traumapädagogik, Bindungstheorie, systemeschen Usaz, kognitiv Verhalenstherapie, EMDR, asw.) • Gutt Kenntnisser am Beräich