Job Opportunities API

The Public Ledger of Openings

← Back to the ledger

Infirmier psychiatrique (m/w/d) fir d'Haus 5 zu Miersch - CDD 100 %

Fondation Letzeburger Kannerduerf E.U.P.
CompanyFondation Letzeburger Kannerduerf E.U.P.
CategoryHealthcare
LocationLU
Remote
EmploymentContract
LevelNot stated
SalaryNot stated by the employer
Posted30 Jul 2026
Last verified11 Aug 2026
SourcePublic employment agency (eures)
Applications are handled by the employer, not by us.Apply on the employer's site →
Description
Infirmier psychiatrique (m/w/d) fir d'Haus 5 zu Miersch - CDD 100 % - Carrière C5* D'Fondatioun Lëtzebuerger Kannerduerf sicht engagéiert Fachleit, déi Kanner a Jugendlecher wäertschätzend, ressourcenorientéiert an empathesch begleeden. Dir wëllt Är Expertise an der Kanner- a Jugendpsychiatrie an engem multidisziplinären Ëmfeld asetze fir e reelle Bäitrag zum Wuelbefanne vu jonke Mënschen ze leeschten? Da kommt an eng Equipe, déi Vertrauen, Engagement a géigesäitege Respekt lieft. An dëser Funktioun sidd Dir déi zentral Kontaktpersoun tëscht de Kanner an Jugenlegechen, den Educatiounsequippen an den externe medezineschen a therapeutesche Partner. Dir garantéiert hieren psychiatreschen a somatesche Suivi a drot aktiv dozou bäi, e séchert an therapeutescht Ëmfeld ze schafen. Gläichzäiteg leet d'Fondatioun vill Wäert op d'Weiderentwécklung vun hire Mataarbechter. Duerch regelméisseg Formatiounen, Supervisiounen a fachlechen Austausch kritt Dir d'Méiglechkeet, Är Kompetenzen auszebauen an an Ärer professioneller Roll ze wuessen. Är Aufgaben Matwierken un der Opnam, Evaluatioun a Begleedung vu Kanner a Jugendlechen. Somatesch a psychiatresch Evaluatioune maachen an de Gesondheetszoustand suivéieren. De kierperlechen a psychesche Gesondheetszoustand observéieren, dokumentéieren an evaluéieren. Medezinesch, psychiatresch an therapeutesch Consultatioune organiséieren a koordinéieren. Enk mat Psychiateren, Dokteren, Psychologen, Spideeler an anere Partner zesummeschaffen. Educatiounsequippen am Ëmgang mat psychiatresche Problematike beroden an ënnerstëtzen. Eng regelméisseg a vertraulech Kommunikatioun mat Familljen a gesetzleche Vertrieder assuréieren. Als Referenzpersoun Beneficiairen an hirer individueller Begleedung ënnerstëtzen. Familljen begleeden an d'Elteren an hire Kompetenze stäerken. An psychiatreschen oder verhalensbezunnene Krisesituatioune professionell intervenéieren. Psychoedukativ Aktivitéite fir Beneficiairen, Familljen an Ekippen organiséieren an duerchféieren. Wat eis ënnerscheet Mir investéieren an Är Entwécklung Reegelméisseg Formatiounen (Bindung, Trauma, SOP,  ...) Praxisaustausch an Deele vu Fachwëssen Kontinuéierlecht Léieren a professionellt Wuesse Aktiv Ënnerstëtzung vun Ärer fachlecher a perséinlecher Entwécklung Eng Organisatioun an dauerhafter Weiderentwécklung Strukturéiert Qualitéitsmanagement Kultur vun der Reflexioun an der kontinuéierlecher Verbesserung Entwécklung vun innovativen Approchen an der psychiatrescher a psychosozialer Begleedung E professionellen a strukturéierte Kader Zesummenaarbecht an engem engagéierten multidisziplinären Team Reegelméisseg Supervisiounen an Intervisiounen Enken Austausch mat Educateuren, Psychologen, Case Manageren a Direktioun Kloer Strukturen, professionell Prozesser a qualitativ héichwäerteg Fachbegleedung Eng Missioun mat Wierkung Direkten Impakt op d'Wuelbefannen an d'Entwécklung vu Kanner a Jugendlechen Ënnerstëtzung vu Familljen a komplexe Liewenssituatiounen E konkrete Bäitrag zu hire Zukunftsperspektiven a Wuelbefannen Äre Profil Diplomer a fachlech Kompetenzen Diplom als Infirmier/Infirmière mat Spezialisatioun an der Psychiatrie (oder gläichwäertegen, zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom). Gülteg Autorisation d'exercer zu Lëtzebuerg. Op d'mannst 5 Joer Beruffserfarung an der Kanner- a Jugendpsychiatrie. Gutt Kenntnisser vum institutionellen, juristeschen a soziale Kader vun der Betreiung vu Mannerjäregen zu Lëtzebuerg (Aide à l'Enfance et à la Famille, Jugendschutz). Kenntnisser vun relevante therapeuteschen Usätz (Traumapädagogik, Bindungstheorie, systemeschen Usaz, kognitiv Verhalenstherapie, EMDR, asw.). Gutt Kenntnisser am Beräich Eltereschaf an Erzéiung am Kader vun de Referenzgrondlage vun der Aide à l'Enfance et à la Famille. Sozial Kompetenzen a Perséinlechkeetsprofil Wertschätzend a professionell Haltung. Gutt sozial a kommunik